Wéi connected bass du?

Dës Websäit www.superuser.lu ass eng Offer vu BEE SECURE an Deel vun enger Sensibiliséierungscampagne iwwert digitaalt Wuelbefannen.

Dësen interaktiven Test erlaabt et den Notzer iwwert den eegene Mediekonsum am Alldag nozedenken. Des weidere weist d‘Websäit engem Weeër a Virschléi, fir den Ëmgang mat de Medien a Bildschiermer am Alldag méi bewosst an anescht ze gestalten.

BEE SECURE ass eng Initiativ vun der lëtzebuergescher Regierung a gëtt operéiert vum Service national de la jeunesse (SNJ) a vum Berodungsdéngscht KJT.

Fir méi Informatiounen iwwert dës Websäit an hiren Inhalt, oder fir BEE SECURE ze kontaktéieren, benotzt w.e.g. de Kontaktformular op der Websäit vu BEE SECURE.

Du streits dech doheem, wëlls de net méi vill um Familljeliewen deelhëls? Am léifste géings de och déi ganzen Zäit däin Handy kucken, fir ze gesi wat online Neies geschitt? Däi Liewe fillt sech de Moment och iergendwéi net sou gutt un? Da ruff bei ons un, mir si fir dech do – anonym a vertraulech.

Méi Informatiounen iwwert d’BEE SECURE Helpline fënns de hei.

Du wëlls däin Notzungsverhale méi genau checken, oder dech fir eng bessere Balance mat dengem Offline-Liewe coache loossen? Oder hues du Stress mat der Schoul, Famill oder Frënn, wéinst der Aart a Weis, wéis de däin Handy oder Computer benotz? Mir beroden dech gären!

Méi Informatiounen iwwer Ausgespillt fënns de hei.